Moien, ech sinn d`Sandra,
hei e besschen iwwer mech,
ech sinn eng liewensfrou Persoun déi gären ëmmer erëm nei Saachen, entdeckt, leiert an ausprobéiert. Sinn op fir aner Methoden, Meenungen an Erfarungen, deelen meng Kenntnisser gären mat.
Ech sinn gären ënnert den Leit; virun allem mengen Leit an laachen fir mäin Liewen gären.
An mengem Beruff sinn ech elo schon 7 Joer, ech hun, eh ech d`Schoul fir d`Hiewamm gemaach hun, als Infirmiere geschafft. Mee meng Passioun war ëmmer entweder um Ufank, oder um Schluss vum Liewen zeschaffen. Dh Hiewamm oder op der Palliativ Statioun. Mäin Wee huet mech dunn an d`Maternité bruecht.
Do schaffen ech lo an sinn ganz zefridden.
Ech freen mech mat Ierch zesummen zeschaffen.
Mit freundlichen Grüßen
Sandra Schoumacher
Droberoodung un der Schoul " Trageschule Hamburg "
